An Thailand ass e regelrechte Kult ëm d'Secouristen entstan. Et gi souguer ëmstridde Pläng aus der Grott eng Touristenattraktioun ze maachen.

No der héichmediatiséierter Rettungsaktioun an Thailand bleiwen déi 12 Jongen vun der Fussballsekipp an hiren Trainer weider a Quarantän.

Den Hype ëm déi spektakulär Rettungsaktioun ass awer nach ëmmer aktuell, souguer eng amerikanesch Produktiounsfirma vun Hollywood huet Interessi gewisen, fir d'Geschicht ze verfilmen.