D'Tensiounen tëscht der Tierkei an den USA sinn op en Neits geklommen, nodeems den US-President Stroftaxe verduebelt huet.

D'Partnerschaft tëscht der Tierkei an den USA steet op der Kipp. Nodeems de Sträit tëscht béide Natiounen e Freideg nach e Knécks méi krut, schreift den tierkesche President Erdogan an enger Carte Blanche, déi an der New York Times publizéiert gouf, datt säi Land misst no Alternative sichen, wann d'USA d'Souveränitéit vun Ankara net géife respektéieren. Domadder mengt den Erdogan wuel Moskau.

De Konflikt mat Ankara hat e Freideg en neien Niveau erreecht. Scho Méintlaang streiden d'Tierken an d'Amerikaner iwwert d'Ausliwwerung vum Priedeger Gülen, deen an den USA am Exil lieft. E Freideg dunn hat den amerikanesche President iwwert Twitter annoncéiert, datt d'Stroftaxen op Stol an Aluminium fir d'Tierkei verduebelt ginn. D'Relatioune vun den USA mat der Tierkei wieren den Ament net gutt, housch et e bësse lapidar am Trump-Tweet.