E 55 Joer ale Mann huet et fäerdeg bruecht zënter dem Joer 2000 Auto ze fueren an dat ouni e gëlltegen Permis ze bësetzen.

Bei enger Verkéierskontroll an Nordrhein-Westfalen gouf en Automobilist ugehalen, deen ze vill gedronk hat.

Et huet sech erausgestallt, datt de 55 Joer ale Mann guer kee Führerschäin hat. Hie géing schonn 18 Joer ouni Permis ronderëm fueren, esou de Chauffeur. Ermëttlungen hu kuerz drop erginn, datt den Automobilist nach ni e Führerschäin hat.

Et gouf Plainte gemaach.