Politesch ass den Arnold Schwarzenegger jo virun allem a senger Positioun als Gouverneur vu Kalifornien bekannt ginn.

De Schauspiller an Ex-Politiker Arnold Schwarzenegger huet sech mam EU-Kommissiounspresident Jean-Claude Juncker getraff. Dat mellt de gebiertegen Éisträicher selwer op Twitter.

Wéi et weider heescht, hätt een eng fantastesch Entrevue an eng genee sou faszinant Diskussioun gehat. Ënnert anerem goufe Sujete wéi propper Energie oder d'Ekonomie ugeschnidden.

Weider schreift de Schwarzenegger, dass hien sech op eng nächst Diskussioun mam Jean-Claude Juncker freeë géif.