Zu Istanbul goufen um Chantier vum neie Fluchhafen eng 400 Aarbechter festgeholl, déi gestreikt hunn.

D'Sécherheetsautoritéiten si mat Tréinegas a Waasserkanoune géint si virgaangen.

An de soziale Medien haten d'Aarbechter sech beklot, iwwer Kollegen déi bei der Aarbecht stierwen, iwwert schlecht Iessen, schlechte Logement a Problemer wann et drëms geet de bezuelt ze ginn.

Et géif een net wéi Mënsche behandelt ginn, hat ee vun de Männer an engem Video gesot.

Deen neie Fluchhafen -deen Drëtten zu Istanbul- soll Enn Oktober opgoen a gëllt als wichtege Projet fir de Staatschef Erdogan.