Alt nees wëllen d'USA nei Stroftaxen an der Héicht vun 10% op chinesesch Importer decidéieren; op Importer vun engem Wäert vun 200 Milliarden Dollar.

Déi Decisioun soll an den nächsten Deeg annoncéiert ginn.

Zanter Juli gëlle schonn Taxe vu 25% op Artikelen am Wäert vu 50 Milliarden Dollar.

Peking huet sengersäits mat Stroftaxen am selwechte Mooss reagéiert.