De Stuerm ass iwwer d'Philippinnen ewechgezunn an huet iwwer 59 Mënschen d'Liewe kascht. Elo preparéiert sech China op de Stuerm.

Am Laf vum Samschdeg soll de Mangkhut d'Südküst vu China mat voller Kraaft erreechen.

Zéngdausende Mënsche goufen evakuéiert, honnerte Volle gestrach.

Och d'Milliounemetropol Hongkong huet sech preparéiert an déi héchsten Alerte ausgeruff.

Op de Philippinnen hunn Zaldote gehollef, e krankt Kand a Sécherheet ze bréngen.