Zu Oss an Holland si 4 Kanner gestuerwen an zwou Persoune blesséiert ginn, wéi e Vëlo mat enger Käerchen ënnert en Zuch komm ass.

An där Käerche souzen d'Kanner. En anert Kand an eng Fra goufe schwéier blesséiert. D'Ongléck war zu Oss bei Nimwegen. D'Affer hunn tëscht 4 an 11 Joer. Se waren um Wee an d'Schoul.

Den Accident ass an der Géigend vun der Gare op der Héicht vun enger Barrière geschitt.