1994 hat een an engem Friddensaccord d'Territoiren u Israel ofginn, dat fir am ganze 25 Joer. Den Accord gëtt awer elo net méi verlängert.

Jordanien verlaangt Territoiren zeréck, déi een am Joer 1994 dem Noper Israel iwwerlooss hat. Deemools war am Friddensaccord festgehale ginn, datt Bakura a Ghumar vun Israel kéinte genotzt ginn, dat wärend 25 Joer.

Dës Dispositioun gëtt also net verlängert, heescht vum Kinnek Abdallah II. Et hätt een déi israelesch Autoritéiten och doriwwer informéiert.