Et gi weider Tensiounen tëscht den USA a Russland. Washington huet mat weider Sanktioune gedreet wéinst der Affär Skripal.

D'Amerikaner mengen, datt d'Russen de fréiere russeschen Duebelagent ëmbruecht hunn. Moskau dementéiert dat.

Dernieft wëllen d'USA, datt sech Russland prett weist, fir op chemesch an biologesch Waffen ze verzichten.