No deene schroe Wiederen a wäiten Deeler vun Italien, huet de Premierminister Giuseppe Conte Direkthëllefe fir déi betraffe Regiounen annoncéiert.

D'Regierung soll iwwer 150 Milliounen Euro deblockéieren. Donieft war et d'Informatioun, dass am Laf vun den nächsten dräi Joer 900 Milliounen Euro an d'Preventioun vu Naturkatastrophe sollen investéiert ginn. Dëse Mount koumen an Italien wéinst Stierm, Reen a Wiederen schonn 29 Mënschen ëm d'Liewen.