Op der Flucht virun e puer Léiwen, koum et am Botswana zu engem dramatesche Virfall. Eng riseg Häerd vu 400 Büffelen ass am Floss Chobe erdronk.

Dat huet de Naturschutzministère e Mëttwoch den Owend matgedeelt.

Den Tëschefall ass wuel en Dënschdeg den Owend geschitt, melle namibesch Medien. Déi aussergewéinlech grouss Büffel-Häerd hätt zu Namibia gegraast, wéi si vun engem Ruddel Léiwen ugegraff gouf. Op hirer Flucht an de Floss hätte sech vill Déiere géigesäiteg doutgetrëppelt. Vill Béischte wieren och déi géi Uferen erof an d'Waasser gefall.

Et ass keen Eenzelfall, datt Häerden op der Flucht viru Raubdéieren an engem Floss erdrénken, ma d'Zuel wier dës Kéier awer dramatesch héich.