Catch a Smile Asbl iwwer den Alldag op der Balkanroute
Di berühmt-berüchtegt Balkanroute: Honnertdausende vu Flüchtlingen hu virun 3 Joer op deem Wee probéiert, an Europa eranzekommen.
Bis no an no Mesurë geholl goufen, fir se zouzemaachen an dat soll och sou bleiwen. Dat ass kloer de politesche Wëllen vun der EU. Wat bedeit dat fir d'Flüchtlingen, déi weider do ënnerwee sinn?
5 Mataarbechter vun der Lëtzebuerger Asbl Catch a smile waren di lescht Woch op der bosnesch-kroatescher Grenz an hunn do den Alldag an de Lager materlieft.
E wëlle Camp, e puer Honnert Meter aus der bosnescher Grenzstad Vélika-Kladuscha eraus. Eng Plaz, déi fir vill Flüchtlingen zum Terminus gouf. Verschiddener vun hinnen hale sech hei zanter dem Fréijoer op. E puer Honnert Meter méi wäit ass déi kroatesch Grenz.
'Push Back' - zeréckdrécken: Dat däitscht Wuert seet et besser aus: zurückschieben. Deen Ausdrock kenne se hei all. Eng Missioun, déi kroatesch Polizisten iwwerhuelen. Bréch, Kapp-Verletzungen sinn net seelen. Bewosst zerstéieren kroatesch Polizisten de Flüchtlingen d'Handyen. Polizisten huele Flüchtlingen d'Suen of, zerrappen d'Geld virun hiren Aen. Keen Zoufall, sou d'Vize-Presidentin vu 'Catch a Smile'. Op engem Ament, wou hei nees bis zu 1.290 Flüchtlingen d'Woch gezielt ginn.
D'Asbl Catch a Smile hëlleft op der Flüchtlingsroute dank Spenden. Sief et Geld oder och waarm Kleeder virop fir Männer. D'Asbl schafft am direkte Kontakt mat lokale Partner-Organisatiounen.