Am Alter vun 92 Joer ass de belsche Milliardär Albert Frère an der Nuecht op e Méindeg verscheet.

Ënnert him gouf de Groupe Bruxelles Lambert zu enger vun de gréissten Holdingen an Europa. Eréischt virun 3 Joer hat de Geschäftsmann de Posten vum Generaldirekter vu GBL ofginn. De Baroun Frère war deemools den Doyen vun de Patrone vu Firmen, déi op der Bourse zu Bréissel kotéiert sinn.

Virun Joren ewell war dat perséinlecht Verméige vum Albert Frère vu Forbes op eng ronn 4 Milliarden Euro chiffréiert ginn.

Et war ënnert anerem Ugangs den 80er Joren, wéi de Frère d'Kontroll vun esouwuel de Banque Bruxelles Lambert, grad wéi och dem Mediegrupp CLT iwwerholl hat. Virun enger Dose Joren war hien och nach mat Parten um Grupp Bertelsmann, dem Pëtrolsgrupp Total an och Suez bedeelegt.

1994 war de Frère vum belsche Kinnek an de Stand vum Baroun gesat ginn.