Déi franséisch Regierung soll d'Erhéijung vun der Ökosteier op Diesel a Bensin no hanne verréckelen. Dat mellt d'Noriichtenagence AFP.

Am Konflikt mat de Protester vun de Gilets jaunes, gëtt de franséische President dem Drock no. D'Regierung vum Emmanuel Macron huet decidéiert, déi op den 1. Januar annoncéiert Ekosteier op Diesel a Bensin virleefeg op Äis ze leeën. Wéi et aus Regierungskreesser zu Paräis heescht, wéilt de Premier Edouard Philippe déi geplangte Steierhausse ëm e puer Méint no hanne verréckelen. Hie wéilt och nach weider Mesuren annoncéiert, fir de Konflikt mat de Gilets jaunes ze entspanen. Sou e Moratoire war dann och d'Haaptfuerderung vun der Protestbeweegung.
De franséische Macron huet donieft kuerzfristeg eng fir e Mëttwoch an en Donneschdeg geplangte Visite zu Belgrad annuléiert. Wéi franséisch Medie mellen, wier dëst déi bis elo schwéierst Kris déi de Macron a senger Mandatszäit ze geréieren huet. De Schued, deen duerch déi brutal Stroosseschluechten e Samschdeg zu Paräis entstanen ass, kéint bei 3 bis 4 Milliounen Euro leien. Dat ganz Land ass betraff. Op verschiddene Plazen an der Bretagne fänkt de Sprit u knapp ze ginn.