Enquêteuren an Däitschland, Italien, Holland an an der Belsch hunn um Mëttwoch de Moie gréisser Razziaen géint "Ndrangheta"-Memberen duerchgefouert.

Wéi et heescht, hätten et eng ganz Partie Arrestatioune ginn.

Bei eisen däitschen Noper goufen et och Asätz a Rheinland-Pfalz.

D'Ndrangheta aus Kalabrien gëllt an tëscht als déi gréisste italienesch Mafia-Organisatioun. Si dominéiert den Drogeschmuggel Direktioun Europa.

Déi Europäesch Justizautoritéit Eurojust huet déi international Aktioun koordinéiert.