Dat ass de Motto vum Europäesche Joer vum kulturelle Patrimoine, wat elo 2018 fir d’éischte Kéier vun der EU-Kommissioun ausgeruff gouf.

Ma och hei zu Lëtzebuerg huet sech de Centre National de l’Audiovisuel dofir eng afale gelooss.

Während 24 Stonne konnte sech leschte Weekend Technik- a Geschichts-Begeeschterter op engem sougenannten Hackathon Archiv-Material vum CNA eroflueden, fir domat da ganz nei Projeten ze kreéieren. Zum Schluss goufe 7 Projete virun enger Jury presentéiert.

Vu Virtual Reality, iwwer Computerspiller bis zu Film-an Touncollagë ware vill verschidden Iddien dobäi. Den éischte Präis, en Akafsbong vun 1000 Euro ass un e System fir eng méi séier Archivéierung an eng edukativ Notzung vun Archiv-Material gaangen. Den Event bleift awer just deen éischte Schrëtt vum CNA, fir an Zukunft ëmmer méi Archiv-Material online a fir jiddereen zur Verfügung ze stellen.