Dat geet aus enger Etüd vum internationale Fuerschungsconsortium "Global Carbon Project" ervir, an deem 76 Experten aus 15 Länner vertruede sinn.

Deemno géifen d’Emissiounen dëst Joer am Verglach zu 2017, ëm bal 3% klammen. Schonn zejoert war eng Hausse vun annerhallwem Prozent festgestallt ginn.

Zu Katowicze a Polen leeft den Ament jo d’Weltklimakonferenz, wou dës Analyse méi wéi sécher e grousst Thema wäert sinn.