Uechtert ganz Welt an och hei zu Lëtzebuerg ass ee Klimamarsch um Dag vum Klima, fir e kloert Signal Richtung Klimasommet zu Kattowitz a Polen ze schécken.
Um 14 Auer e Samschdeg de Mëtteg ass Rendezvous um Glacis gewiescht, vu wou aus de Cortège bis bei d'Chamber gaangen ass.

D'Organisateure rechne mat 500 bis 1.000 Leit, déi matginn, wéi de Quotidien um Samschdeg de Moie schreift.
Si goufen opgeruff Kasserollen a Päife matzebréngen, fir Kaméidi ze maachen. RTL-Informatiounen no, sollen awer ronn 2.000 Leit sech um Glacis rassembléiert hunn.
Beim leschte Klimamarsch den 13. Oktober dëst Joer waren iwwer 500 Persoune matgaangen.

© Olidom Multimedia
Am Kader vum Weltklimadag ass den ëffentlechen Transport iwwregens gratis.
Stëmmen vun de Participanten an Organisateuren
Et war en impressionnante Cortège fir de Klima. Organiséiert vum Kollektiv ''Rise for Climate'' a véier ONG'en goung et drëms, drop opmierksam ze maachen, dass et fënnef vir 12 wär a Saache Klimawandel.
D'Organisateure beruffen sech op den UNO Generalsekretär deen am September sot, et wär just nach bis 2020 Zäit, fir Äerderwiermung ënnert annerhallwem Grad ze halen.
D'Manifestante wollten deemno virun allem déi nei Regierung an d'Responsabilitéit huelen.
Den Organisateur Brice Montagne huet begréisst, dass déi Lëtzebuerger Regierung elo nach e Stéck méi gréng ginn ass.
Virun der Chamber hunn d'Leit d'Regierung opgefuerdert sech bei der Europäescher Kommissioun fir en Investissement an de Klima iwwer 1000 Milliarden Euro staark ze maachen.