De Generalsekretär (Chief of Staff ) vun der Trump-Regierung muss seng Wallisse paken. Den Donald Trump wiesselt dës Positioun scho fir déi 2. Kéier aus

Den John Kelly wäert Ufank dës Joers ersat ginn, esou den Trump e Samschdeg zu Washington. E Méindeg soll schonn annoncéiert ginn, wien de Poste vum John Kelly anhëlt.

De Kelly ass elo schonn deen 2. Generalsekretär, deen säin Hutt ënnert dem US-President Donald Trump huele muss.

Hien hat jo kuerz no der Inauguratioun vum Donald Trump de Reince Priebus ersat.