Well de Warnstreik op däitscher Säit e Méindeg de Moie just bis 9 Auer gedauert huet, huet sech d'Situatioun am Grenzverkéier antëscht normaliséiert.

Dat hunn d'CFL och confirméiert - via Twitter.

Virdrun haten d'CFL op hirem Internetsite an op Twitter matgedeelt, dass duerch de Streik bei der däitscher Bunn och den Zuchtrafic tëscht Waasserbëlleg an dem Hauptbahnhof zu Tréier blockéiert war. Och op Lëtzebuerger Säit waren eenzel Zich ausgefall.

An och am Regionalverkéier war mat Perturbatiounen ze rechnen, wéi déi däitsch Bunn e Méindeg bekannt ginn huet.

An och wann de Warnstreik um 9 eriwwer war, esou kann et - an Däitschland - de ganzen Dag iwwer zu massive Retarden am Zuchtrafic kommen, huet e Spriecher vun der Bunn gewarnt. D'Clientë krute recommandéiert, hir Reesen op en Dënschdeg ze reportéieren. Tickete behalen hir Gültegkeet.

Well d'Bunn streikt, si vill Leit um Méindeg de Moien op den Auto ëmgeklommen. Wéi däitsch Medie mellen, goufen et iwwer 650 Kilometer Stau op den däitsche Stroossen. Besonnesch d'Regioun ronderëm München war staark betraff.

Ursaach vum Warnstreik ass, dass d'Gewerkschaft am Tarifkonflikt mat der Bunn hir Fuerderunge wëll duerchsetzen. E Samschdeg hat d'Gewerkschaft d'Verhandlunge fir ronn 160.000 Beschäftegt ofgebrach. Bei der Lounerhéijung war de Konzern der Gewerkschaft no net wäit genuch entgéintkomm.

© AFP