Um Méindeg den Owend um 20 Auer huet de franséische President Emmanuel Macron sech an enger Usprooch un d'Leit geriicht.

De franséische President war jo ëmmer méi ënner Drock geroden an de leschte Wochen. Him goung et drëms, fir de Mouvement vun de Gilets Jaunes ze berouegen.

De President sot a senger Usproch vun der Télé, datt hien d'Leit versteet, déi sozial geschwächt sinn an der Gesellschaft. Et hätt een ze laang gewaart, 40 Joer vun engem demokratesche Malaise a ville Changementer vun de Societéit, op déi net reagéiert gouf.

Hien hëlt Verantwortung dofir, datt hien nach net op de Malaise reagéiert huet. Seng Legitimitéit hätt hie vun de Leit. Hie wëll fir Frankräich ee Wee fannen, ewech vun der Divisioun.

Et brauch ee besser Schoulen a Formatiounen. Déi schaffend Leit sollen an der Dignitéit liewe kënnen.

Ënnert anerem soll de Mindestloun d'nächst Joer ëm 100 Euro de Mount an d'Luucht goen.

D'Pensionären, déi manner wéi 2.000 Euro de Mount zu hirer Verfügung hunn, gi vun der geplangter Hausse vun de charges sociales verschount.

Iwwerstonne sollen an Zukunft Steierfräi sinn a fräi vu Sozialdepensen.

Donieft war et den Appell un di franséisch Entreprisen, hire Mataarbechter um Enn vum Joer eng Primme auszebezuelen, wann dat méiglech ass. Et wéilt een ee Frankräich, an dem ee wierdeg vu senger Aarbecht ka liewen, sou den Emmanuel Macron. De Premierminister Edouard Philippe soll dës an aner Mesuren um Dënschdeg den Deputéierte presentéieren.

D'Regierung soll awer weider d'Reformen duerchféieren. Et misst een e ganz breeden Debat lancéieren, fir Frankräich an Europa zesummenzeféieren. Hie wëll all Buergermeeschtere gesinn, fir eng zolidd Basis ze hunn, fir d'Land weiderzebréngen.
D'Mesuren, déi de Macron e Méindeg den Owend annoncéiert huet, kaschten iwwregens bis zu 10 Milliarden Euro. Wéi se finanzéiert ginn, ass nach onkloer.

Bréissel reagéiert

Iwwerdeems huet Bréissel annoncéiert d'Mesuren, déi den Emmanuel Macron e Méindeg den Owend ugekënnegt huet, ënnert d'Lupp ze huelen. Den EU-Wirtschaftskommissär Pierre Moscovici huet zu Stroossbuerg erkläert, datt d'Kommissioun d'Auswierkunge vun den Zousoe ganz genee suivéiere géif. Ee Spriecher vun der Regierung hat jo erkläert, datt d'Mesuren 8 bis 10 Milliarden Euro kaschte kéinten. Domadder géif Frankräich awer déi europäesch Defizitreegelen net anhale kënnen, huet de Parlamentspresident Richard Ferrand um franséischen RTL ze bedenke ginn.

Wat war geschitt um Weekend?

Op d'mannst 135 Mënsche goufe bei de Krawallen e Samschdeg a Frankräich blesséiert, dorënner 17 Polizisten. Am Kader vun de Protester vun de sougenannte "Gilets jaunes" goufe ronn 1.400 Persoune festgeholl - déi meescht Gewalt gouf et op en Neits an der Haaptstad Paräis. Do hunn Demonstranten Autoen a Brand gestach, Fënsteren ageschloen a sech mat der Police ugeluecht. D'Beamten hunn Tréinegas agesat. Am ganze Land ware ronn 125.000 Demonstranten op de Stroossen.

De Protest riicht sech antëscht net nëmme méi géint déi geplangte Steierhausse op Sprit an Diesel, déi d'Regierung op Äis geluecht huet, mä och géint de franséische President a seng Reformpolitik.