No der Attack en Dënschdeg zu Stroossbuerg ass um Freideg eng weider Persoun un hiren uerge Blessure gestuerwen.

D’Persoun wier zanter en Dënschdeg den Owend an engem ganz kriteschen Zoustand gewiescht, a wier um Freideg gestuerwen, sou déi franséisch Autoritéiten. De Bilan klëmmt domadder op 4 Doudeger. Eng fënneft Persoun ass gehir-dout. 11 Persoune goufen am Ganze blesséiert, wouvunner der nach 4 an der Klinik sinn, sou de Procureur vu Paräis.

E Freideg war och de President Emmanuel Macron op der Plaz, fir den Affer ze gedenken. Hien huet  eng wäiss Rous néier geluecht.

Stroossbuerg: Täter erschoss, weidert Affer gestuerwen
Um Donneschdeg den Owend gouf den Täter vun der Police erschoss, e Freideg ass dann nach eng weider Persoun un hire Blessure gestuerwen.

7 Leit am "Garde à vue

Nom Doud vum Stroossbuerger Attentäter en Donneschdeg den Owend sëtzen elo 7 Leit an deem Zesummenhang a garde à vue, dorënner 4 Leit vu senger Famill an 3 Persounen aus sengem noen Ëmfeld, esou de Procureur de la république Rémy Heitz.

Presuméierten Attentäter vu Leit erkannt a vu Police erschoss

Wéi d'Police probéiert huet, den 29 Joer alen Täter festzehuelen, koum et zum Schosswiessel. Hie gouf déidlech getraff.

En Donneschdeg den Owend géint 21 Auer hate Leit de Mann am Quartier Neudorf zu Stroossbuerg op der Strooss gesinn, knapp 10 Minutte vun där Plaz ewech, wou hien en Dënschdeg den Owend ëm sech geschoss hat. Wéi d'Police de presuméierten Attentäter wollt festhuelen, huet en op se geschoss. D'Beamten hunn zréckgeschoss an dobäi de Cherif Chekatt déidlech getraff. Dat huet den Inneminister Christophe Castaner huet en Donneschdeg den Owend confirméiert.

AUDIO: Extrait Christophe Castaner

De presuméierten Attentäter soll en Donneschdeg och eng Fra ugeschwat hunn. Där ass opgefall, datt de Mann blesséiert ass a si huet d'Police geruff, huet de Sender BFMTV gemellt.

© AFP

Eng Spezialunitéit vun der Police huet de Verdächtege géint 21 Auer lokaliséiert, du koum et wéi gesot zum Schosswiessel. Den Chekatt soll souwuel eng Schosswaff, ewéi och e Messer bei sech gehat hunn. Weider schreift de Christophe Castaner, datt hien houfreg op seng Poliziste wier.

Och de Buergermeeschter vu Stroossbuerg Roland Ries huet um Donneschdeg den Owend den Doud vum Terrorist confirméiert.  De Chrëschtmaart soll och um Freideg nees opgoen, dat awer mat engem ugepassten Dispositiv vu Sécherheetsbeamten.

E Freideg an der Mëttesstonn huet den Terrorismus-Procureur Rémy Heitz Präzisiounen iwwert den Dout vum Attentäter ginn.

AUDIO: Präzisiounen iwwer Stroossbuerg / Reportage Nico Graf

Nieft de schonn méi oder wéineger bekannten Oflag huet den Heitz dann nach präziséiert, datt een sech elo an der Enquête géif drop konzentréieren, wou sech den Chekatt am Quartier Neudorf genee verstoppt hat.

IS revendiquéiert Attack

De sougenannten islamesche Staat huet eréischt kuerz nom Dout vum Chekatt d'Attentat vum Dënschdeg fir sech revendiquéiert. Den Attentäter wier en "Zaldot" vum IS, melle si iwwert hire Propagandamedium Amaq.

Drëtt Affer gestuerwen, franséisch a Lëtzebuerger Police lancéieren Zeienopruff

Nodeems um Mëttwoch de Moien déi zoustänneg Präfektur de Bilan vun den Doudesaffer no ënne revidéiert hat, ass en Donneschdeg d'Zuel vun 2 op 3 geklommen. Ee weidert Affer ass gehir-dout. Dat huet de Parquet vu Paräis confirméiert.

13 Leit goufe blesséiert, 6 dovu schwéier, déi aner 7 dovu méi liicht. En Dënschdeg den Owend war och een Ament vu 4 Doudege rieds.

Mëttlerweil huet d'Police dann och en Zeienopruff lancéiert an eng Beschreiwung vum Mann erausginn. Hie soll Cherif Chekatt heeschen, 29 Joer al sinn a ronn 1,80m grouss sinn. Hien huet kuerz Hoer, eventuell e Baart an eng Markéierung op der Stir.

En Donneschdeg de Mëtteg hat d'Police eng gréisser Operatioun zu Stroossbuerg am Quartier Neudorf lancéiert, do wou een d'Spur vum Verdächtege verluer hat, géint 16.30 Auer huet een d'Operatioun ofgeschloss, ouni datt eng Persoun festgeholl ginn ass. Mam Asaz wollt ee sécherstellen, datt de Chekatt wierklech net méi am Quartier ass, sou de franséischen Inneminister Christophe Castaner.

D’Juegd zu Stroossbuerg: Täter nach ëmmer op der Flucht
En Dënschdeg den Owend huet e Mann beim Chrëschtmaart op Leit geschoss. No him gëtt nach gesicht. DNA vum Täter 2012 zu Lëtzebuerg fonnt.

Infoe vum Paräisser Parquet no gouf en Donneschdeg eng fënneft Persoun aus dem Ëmfeld vum 29 Joer ale Mann verhaft. An der Nuecht op e Mëttwoch ware schonn d'Elteren an zwee vu senge Bridder verhaft ginn.

Och déi Lëtzebuerger Police huet en Appell lancéiert, wann hei am Land een eppes gesäit, ass all Info fir den 113.

AUDIO: Chérif C. Suivi - Reportage Nico Graf
Attack zu Stroossbuerg: Den Dag duerno
En Dënschdeg den Owend huet e Mann beim Chrëschtmaart op Leit geschoss. No him gëtt nach gesicht. DNA vum Täter 2012 zu Lëtzebuerg fonnt.

Indice op Lëtzebuerg

Zu Lëtzebuerg gëtt et keng direkt Menace no der Attack zu Stroossbuerg. Dat huet de Premier Xavier Bettel um Mëttwoch de Mëtteg an der Chamber op eng Question parlementaire vum Leon Gloden an dem Gilles Roth geäntwert. Dofir bleift och d’Menacestuf op 2 vu 4.

AUDIO: De Xavier Bettel

Wéi de Premier weider erkläert huet, wier d’DNA vum Täter 2012 bei engem Abroch zu Lëtzebuerg geséchert ginn, dat hätt Justiz dem Premier matgedeelt.

D’Regierung huet, esoulaang de presuméierten Attentäter fräi ronderëm leeft, ee Renforcement vun der Police op eise Stroossen ugefrot. D’Lëtzebuerger Autoritéite wieren a permanentem Kontakt mat de franséischen Autoritéiten.

Éischten Informatioune vum Ausseminister Jean Asselborn no si keng Lëtzebuerger ënnert den Affer zu Stroossbuerg. Dat sot de Lëtzebuerger Diplomatiechef um Mëttwoch de Moien am RTL-Interview.
Wat zu Stroossbuerg geschitt ass, beréiert natierlech och Lëtzebuerg. Mir si gewuer ginn, datt um Mëttwoch de Moie schonn eng Krisekonferenz vun de Sécherheetsservicer zu Lëtzebuerg war. Weider Detailer sinn awer nach net bekannt, just dëst: den Haut commissariat à la protection nationale huet de Lead an dëser Saach.

Attaque de Strasbourg: mesures prises par le gouvernement luxembourgeois (12.12.2018)

Communiqué par: Service de la communication de crise

Faisant suite à l'attaque de Strasbourg dans la soirée du mardi 11 décembre 2018, le groupe de coordination en matière de lutte contre le terrorisme (GCT) s'est réuni sur demande du Premier ministre afin d'évaluer la menace sur le territoire national.

Au vu des éléments actuellement disponibles, le GCT ne dispose d'aucun élément laissant présager qu'il existe une menace vraisemblable et concrète sur le territoire luxembourgeois.

Ainsi, le niveau de la menace «2» est maintenu. Conformément au plan VIGILNAT, le niveau «2» est déclenché lorsqu'il apparaît que la menace terroriste est réelle mais abstraite.

L'auteur présumé est connu des autorités judiciaires luxembourgeoises pour un fait de droit commun en 2012, à savoir un vol avec effraction.

Étant donné que l'auteur présumé est en fuite, le gouvernement a décidé la mise en place et/ou le maintien des mesures suivantes:

• maintien de l'évaluation de la menace terroriste par le GCT;
• maintien et renforcement de la présence des autorités de sécurité d'une part et des mesures de sécurité sur les lieux de rassemblement publics d'autre part.

Lëtzebuerger Studentin temoignéiert

D'Candy Steffen studéiert zu Stroossbuerg a léiert grad fir hir Examen.
Ganz séier hätten déi schlëmm Nouvellë sech verbreet, op soziale Netzwierker hätt ee sech géigesäiteg gewarnt a sech ofgeséchert, datt kengem Kënnegen eppes geschitt ass.

D'Atmosphär an der elsässescher Stad wier op alle Fall op ee Coup eng aner ginn.

D'Studentin huet um Mëttwoch de Moie vun enger gewësser Onsécherheet geschwat. Et wéisst een einfach net, a wéi wäit een normal kéint liewen.

VIDEO: Facetime-Interview mam Candy Steffen, Studentin
Mir hu mat enger Lëtzebuerger Studentin zu Lëtzebuerg geschwat.

"Stroossbuerg wëll sech net ënnerkréie loossen a wëll net datt Attentäter Recht behalen."

Dat sot de Buergermeeschter Roland Ries um Mëttwoch de Moien op France Inter.

"Haut wier en Dag vun der Trauer, mä Muer géif d' Liewen erëm weidergoen an de Chrëschtmaart géif erëm opgoen."

AUDIO: Extrait Roland Ries

D'Gemeng vu Stroossbuerg huet um Mëttwoch de Moien een Appell un d'Awunner gemaach, doheem ze bleiwen. Ee Mataarbechter vum Buergermeeschter huet um Mëttwoch de Moien op Twitter de Leit Merci gesot, déi net baussent d'Dier ginn an drop waarden, dass d'Situatioun gekläert gëtt.

Infoen iwwert de presuméierten Täter

Hie war der Police bekannt. Hie sollt u sech en Dënschdeg de Moie verhaft ginn. Wéi franséisch Medie mellen, wier de Mann awer net doheem gewiescht. Wärend enger Perquisitioun a senger Wunneng sollen d'Beamte Granate fonnt hunn.

Dee presuméierten Täter soll radikalislamesch Milieuen zu Stroossbuerg frequentéiert hunn. En ass wéi gesot nach ëmmer op der Flucht. Hie wier blesséiert heescht et, nodeems hie vun Zaldoten ugeschoss gouf. E soll sech mat engem Taxi, deen hie geklaut huet, ewechgemaach hunn.

Dem franséischen Inneminister Christophe Castaner no war de presuméierten Täter scho wéinst Delikter a Frankräich an an Däitschland veruerteelt ginn.

Wéi déi däitsch Noriichtenagence dpa mellt, war dee franséische Staatsbierger mat nordafrikaneschen Originnen zu Singen wéinst schwéierem Déifstall zu enger Prisongsstrof veruerteelt ginn a souz och an Däitschland am Prisong. Nodeems hie seng Strof ofgesat hat, gouf hien 2017 u Frankräich ausgeliwwert.

E Mëttwoch bleift de Chrëschtmaart zu Stroossbuerg zou. Dat gëllt och fir verschidde kulturell Institutiounen.

Reaktiounen an Temoignagen

Ausnamesituatioun och am Europaparlament. Iwwer Stonne souzen d'Deputéiert am Parlamentsgebai fest.
Si hunn d'Gebai, dat e bësse baussent dem Zentrum vu Stroossbuerg läit, an der Nuecht duerfe verloossen, allerdéngs just op eegene Risiko, wéi de Parlamentspresident Antonio Tajani sot. E puer honnert Leit ware wärend Stonnen am Gebai agespaart.

VIDEO: Facetime-Interview mam EU-Deputéierte Georges Bach
RTL huet um Mëttwoch de Moie mam Lëtzebuerger Europa-Deputéierten iwwer d'Evenementer zu Stroossbuerg geschwat.
VIDEO: Facetime-Interview mat der EU-Deputéiert Tilly Metz.
.

D'Deputéiert an d'Mataarbechter goufe via SMS a Mail gewarnt.

De Jean Asselborn huet sech um Mëttwoch de Moien am RTL-Interview d'Fro gestallt, wéi et méiglech ass, dass sou ee Mann am Besëtz vu Waffe respektiv Granate war. Hei misst zougezu ginn. Dem Gesetz no wier de Waffenhandel an och d'Droe vu Waffen bei eis verbueden a wien domat handelt, um Internet oder soss, wier potentiell grad sou kriminell, wéi do wou domat schéissen, sou de Jean Asselborn. Hei misst senger Meenung no ugesat ginn, net nëmmen a Frankräich, mä an der ganzer Europäescher Unioun.

AUDIO: Extrait Jean Asselborn

"Meng Gedanke si bei den Affer vun der Schéisserei zu Stroossbuerg", dat huet den EU-Kommissiounschef Jean-Claude Juncker op Twitter geschriwwen, deen d'Attack schaarf kritiséiert. Stroossbuerg wier eng symbolesch Stad fir Fridden an déi europäesch Demokratie - Wäerter, déi mer ëmmer wäerte verdeedegen, sou de Jean-Claude Juncker.

Och de Lëtzebuerger Premier Xavier Bettel an ë.a. déi britesch Premierministesch Theresa May hu via Twitter reagéiert.

Déi groussherzoglech Koppel huet an deem Kader en Telegramm un den Emmanuel Macron geschéckt.

De franséische President Emmanuel Macron huet direkt eng Krisesëtzung aberuff. Hie koum an der Nuecht ënnert anerem mam Premier Edouard Philippe an der Verdeedegungsministesch Florence Parly beieneen. Den Inneminister Christophe Castaner sengersäits huet sech direkt op Stroossbuerg deplacéiert.

D'Terror-Unitéit vum Paräisser Parquet huet d'Enquête iwwerholl. Nodeems eng national Alerte ausgeruff gouf, ginn och elo nees verstäerkt Kontrollen un de Grenzen duerchgefouert. Dat huet den Inneminister Castaner annoncéiert. Och d'Chrëschtmäert bei eise franséischen Nopere gi méi staark kontrolléiert.

Den Täter soll op dräi verschiddene Plazen zu Stroossbuerg ronderëm sech geschoss hunn. Wou genee, dat huet den Inneminister net betount. Tëscht 20 an 21 Auer en Dënschdegowend soll et zweemol tëscht him an der Police zu enger Schéisserei komm sinn.

De Chrëschtmaart zu Stroossbuerg war schonn eemol Zil vun engem Attentat. Am Joer 2000 gouf eng geplangte Sprengstoffattack vun der Terrororganisatioun Al-Kaida mat Zäite verhënnert.

Facebook hat no den dramateschen Evenementer och säin Safety-Check fräigeschalt, wéi dat scho méi dacks no déidlechen Attacke gemaach gi war.

D'Attentat zu Stroossbuerg trëfft Frankräich an enger Zäit, wou d'Onsécherheet am Land grouss ass an déi politesch Stëmmung mat de Gilets jaunes ganz ugespaant ass. Fir e Mëttwoch huet de President Macron u sech Verhandlunge geplangt ... D'Gilets jaunes hunn iwwerdeems un Zoustëmmung verluer. Engem Sondage no hu 40% vun de Fransouse seng Ried iwwerzeegend fonnt. Seng "deier" Ried mat soziale Versprieche vu ronn 10 Milliarden Euro. D'Hallschent vun de Fransouse fënnt, datt déi giel Protester solle weider goen. Virun enger Woch waren et nach 3/4 vun de Leit.

Tweete vu BFM

Aner Tweeten

Offiziell Tweeten