Een uergt Zuchongléck gouf et en Donneschdeg de Moien an der tierkescher Haaptstad Ankara. Op d'mannst 9 Mënsche koumen ëm d'Liewen.

Am Ganze goufe 47 Mënsche solle blesséiert gi sinn.

En TGV krut eng Lokomotiv ze paken, déi an enger Gare Gleiser kontrolléiert huet. D'Waggone sinn entgleist, och eng Foussgängerbréck gouf mat ewech gerappt.

Ënnert den Affer sinn dräi Mataarbechter vun der Bunn. D'Ermëttlunge lafen, fir erauszefannen, wéi et zu dësem Ongléck konnt kommen.

Eréischt am Juli war bei engem Zuchongléck am Nordweste vun der Tierkei 24 Persounen ëm d'Liewe komm. Honnerte goufen deemools blesséiert.

© AFP