A Frankräich ass ee weideren Aktivist vun de "Gilets Jaunes" ëm d'Liewe komm.

Den 23 Joer ale Mann gouf no Donnéeë vum Parquet an der Nuecht op en Donneschdeg bei Avignon vun engem Camion iwwerrannt.

D'Accident ass kuerz no Hallefnuecht bei engem Rondpoint an der Géigend vun enger Autobunnsoffaart geschitt. De Chauffeur vum Camion, deen aus Polen koum, gouf vun der Police festgeholl.

Et handelt sech ëm dee 6. Doudegen zanter dem Optakt vun de Protestaktioune vun de "Gilets Jaunes" virun engem Mount.

Déi franséisch Regierung rifft d'Gilets jaunes op, e Samschdeg net ze manifestéieren. Et hätt een d'Roserei héieren,
elo géing een d'Leit froen, fir raisonnabel ze bleiwen. Et sollt een un d'Mobiliséierung vun de Forcen an de leschte Wochen denken an un d'Attentat vu Stroossbuerg.

De Parlamentspresident Ferrand rifft d'Beweegung vun de giele Gileten och derzou op, datt se elo ophält ze demonstréieren. Elo misst een den Dialog sichen an et léiche jo Äntwerten um Dësch.