An enger Resolutioun huet den US-Senat festgehalen, datt de saudesche Krounprënz Mohammed bin Salman verantwortlech fir den Doud vum Journalist ass.

Domadder stellt sech de Senat géint den US-President Donald Trump, deen d'Bedeelegung vum Krounprënz bezweifelt. Weider huet de Senat virgeschloen, fir Saudiarabien net weider am Militärasaz géint de Biergerkrich am Jemen z'ënnerstëtzen.