E Meedche vu 7 Joer ass an engem US-Grenzprisong gestuerwen. D'Kand ass erdiischtert.

D'Meedchen aus dem Guatemala war deeglaang mat sengem Papp op der Flucht an hat näischt gedronk. De 6. Dezember ass et zesumme mat iwwer 160 Persoune festgeholl ginn. 8 Stonnen dono krut d'Kand héicht Féiwer. Am Spidol an der Urgence konnt een dem Meedchen net méi hëllefen.

De Virfall gëtt ënnersicht, fir e Feelverhale vum Grenzschutz auszeschléissen.

Zanter Woche kommen dausende Flüchtlingen aus Mëttel- a Südamerika un déi mexikanesch-amerikanesch Grenz, fir et an d'USA ze packen. Dat wëll d'Regierung vum Donald Trump verhënneren.