Nieft den Optioune "männlech" a "weiblech" an "ohne Angaben", soll et an Zukunft och "divers" am Gebuerteregëster ginn.

Déi entspriechend Gesetzesännerung gouf en Donneschdeg als Alternativ fir intersexuell Mënschen decidéiert.

Wann e Kand no der Gebuert weder dem weiblechen, nach dem männleche Geschlecht kann zougeuerdent ginn an och déi weider Geschlechtsentwécklung dëst net erméiglecht, kann d'Optioun och nodréiglech geännert ginn.

Et soll donieft och méiglech sinn, de Virnumm vum Concernéierten z'änneren. Fir béides brauch een awer en Attest vum Dokter.

Déi Gréng an de Lesben- a Schwuleverband an Däitschland kritiséieren dat.