Alt nees emol krämpelt den US-President seng Regierungs-Ekipp ëm. Dës Kéier huet den US-Inneminister seng Demissioun annoncéiert.

Via Twitter huet den Donald Trump e Samschdeg den Owend matgedeelt, dass säin Inneminister vu bis ewell, de Ryan Zinke zum Enn vum Joer säin Amt wäert néierleeën.

E Successeur steet nach net fest.

Den Zinke krut an der Lescht méi dacks reprochéiert, verschwenderesch mat sengem Budget ëmzegoen. D’Justizautoritéiten géifen dofir och wéinst méiglechem Amtsmëssbrauch enquêtéieren. Dat mellen direkt e puer US-Medien.