Si goufe verdächtegt dem presuméierten Attentäter Cherif Chekatt eng Waff besuergt ze hunn.

10 Deeg nom Terrorattentat zu Stroossbuerg sinn 2 Verdächteger zanter een Donneschdeg nees op fräiem Fouss, well hinne keng Bedeelegung un der Dot konnt nogewise ginn, sou heescht et aus franséische Justiz-Kreesser.

Dem franséische Sender France Bleu no, wären dëst déi zwou lescht Persoune gewiescht déi am Kader vun der Enquête ronderëm d'Attentat nach festgehale goufen.

Si goufe verdächtegt dem presuméierten Attentäter Cherif Chekatt eng Waff besuergt ze hunn.