Et bleiwen nach eng ganz Partie Differenzen ze iwwerbrécken, et wier awer eng Basis geschaaft ginn, fir iwwert d'Suerge vu béide Säiten ze schwätzen.

Eng Basis also, sou de Fazit no dräi Deeg laange Verhandlungen tëscht den USA a China iwwert en Enn vum Handelskrich tëscht béide Länner. Et konnten éischt Fortschrëtter notéiert ginn. Wéi et vum chineseschen Handelsministère geheescht huet, wier d'Versteesdemech op deenen zwou Säiten elo méi grouss. Während de Gespréicher zu Peking gouf festgehalen, d'Handelsrelatioune gerecht, géigesäiteg an equilibréiert ze gestalten.