Am Jura un der franséisch-Schwäizer Grenz ass e Militärfliger vum Radar verschwonnen. Wrackdeeler konnte kuerz dono lokaliséiert ginn.

D'Maschinn, den Mirage 2000D, war mat zwee Piloten, engem Mann an enger Fra, u Bord vum franséische Militärfluchhafen Nancy-Ochey am Département Meurthe-et-Moselle e Mëttwoch de Moie gestart a war dunn an der Géigend vum Jura, net wäit ewech vun der Schwäizer Grenz, vum Radar verschwonnen.

D'Gendaarmen an aner Autoritéiten an der Regioun, wou de Fliger fir d'Lescht um Radar war, goufen alarméiert a konnten no e puer Stonnen d'Wrack vum Fliger fannen. D'Sich huet méi laang gedauert, well wéinst de Wiederkonditiounen am Ufank keng Helikopter starte konnten. Iwwer 100 Leit waren hei am Asaz.

En Zeien huet bei de Kollege vum "Est Republicain" ausgesot, datt hien um spéide Moien eng Explosioun héieren hätt. Weider schreift d'Zeitung, datt ee wuel kuerz viru 15 Auer Deeler vum Fliger a vun engem Fallschierm entdeckt hätt, dat an de Bierger vum Jura, net wäit ewech vum Floss Doubs.

Dëst gouf och kuerz dono confirméiert, de Fliger ass an der Combe noire op der Héicht vu Mignovillard fonnt ginn. Vun de Pilote feelt awer aktuell nach all Spur, d'Arméihelikopter sinn dowéinst och nach am Asaz.