D'Fronten am Sträit iwwert den US-Budget an déi vum President Trump geplangte Mauer un der mexikanescher Grenz hu sech weider verschäerft.

Den Donald Trump huet eng Sëtzung mat Spëtzevertrieder vun den oppositionellen Demokrate e Mëttwoch vun engem op deen anere Moment ofgebrach an huet de Sall verlooss. Demokraten haten nämlech op en Neits däitlech gemaach, dass si déi gefuerdert Milliardenzomme fir de Bau vun der Mauer weiderhi refuséieren. Seng Renconter mat den Oppositiounscheffen am Representantenhaus an dem Senat wier eng total Zäitverschwendung gewiescht, sou den Trump dono op Twitter.

Den US-President verlaangt vum Kongress 5,7 Milliarden Dollar fir de Bau vun enger Mauer un der Grenz mat Mexiko. Demokrate sinn allerdéngs der Meenung, dass sou eng Mauer net effikass ass an iwwerflësseg.