Duerch ee Feier an engem Haus zu Toulouse goufen 20 Persoune blesséiert. Zwou Persoune wiere schwéier verwonnt ginn, melle lokal Medien.

Et soll sech ëm zwee Pompjeeën handelen.

D'Feier war géint 3 Auer an der Nuecht op en Donneschdeg an dem véier Stäck héije Gebai ausgebrach. Géint 6030 Auer war et ënner Kontroll.

Iwwer Honnert Pompjeeë waren am Asaz. De Plan "nombreuses victimes" gouf declenchéiert. Am Haus ass dat hëlzen Trapenhaus deelweis an ee Koup gefall, doduerch sinn d'Pompjeeën nëmme lues viru komm an hu mussen iwwer Leederen géint d'Flame virgoen.

D'Awunner aus dem Haus, dorënner Famille mat Kanner, goufe séier evakuéiert. Och een Hotel niewendru gouf komplett geraumt. Eng 72 Leit hu mussen a Sécherheet bruecht ginn. D'Brandursaach muss nach gekläert ginn. Wéi et vun der zoustänneger Präfektur heescht, wier d'Gebai an engem viabelen a gudden Zoustand gewiescht.