E Méindeg de Moie schonns koum et zu Villelaure am Vaucluse am Süde vu Frankräich zu enger Explosioun mat fatale Suitten.

De franséischen Autoritéiten no ass dobäi nämlech e Lëtzebuerger ëm d'Liewe komm. France3 schreift, d'Affer wier 59 Joer al gewiescht, La Provence gëtt als Alter 60 Joer un. An op Twitter ass och vun 58 Joer rieds.

D'Detonatioun e Méindeg de Moie géint 9.30 Auer muss ganz schro gewiescht sinn. Se war bis an d'Zentrum vum Duerf ze héieren.

D'Haus an Chemin des Toutes-Haurès gouf zu 80% zerstéiert, esou d'Pompjeeën. Op Biller gesäit ee quasi just nach d'Grondmauere stoen.

Mat Sichhënn gouf kontrolléiert, ob et net nach aner Affer géif ginn. Indicen dofir goufen awer keng fonnt.

Franséische Medien no soll et sech beim Affer ëm e Gittarsenseignant mam Virnumm Nicolas handelen, dee virun e puer Joer an d'Provence gezunn ass.