E Sträit ënner Noperen eskaléiert, eng Fra stierft. Zu Saarbrécken ass e Méindeg de Prozessoptakt wéinst Kierperverletzung mat déidleche Suitten.

D'Affer an de presuméierten Täter sinn allebéid Lëtzebuerger, déi zu Pärel an Däitschland wunnen an hei am Land geschafft hunn.

D'Affer, eng 52 Joer al Fra, an hire Mann wären an der Noperschaft als ganz integer an estiméiert Noperen ugesi gewiescht. Tëscht der Koppel an dem Täter wär et awer iwwer  d'Joren ëmmer nees zu Sträit komm bis dunn am November 2017 d'Fra vum Noper gestouss gouf an sou uerg um Kapp blesséiert gouf, dass si 2 Deeg drop un hire Blessuren am Spidol gestuerwen ass.

Zanter Joren hunn d'Noperen an dëser Sakgaass zu Pärel gestridden. Autoe ginn zerkraazt, et gëtt sech zerklappt an géigesäiteg viru Geriicht geholl. Den 13. November 2017 kënnt et zum trageschen Héichpunkt. E Lëtzebuerger vun 53 Joer an eng 52 Joer al Lëtzebuergerin geroden unenaner. D'Fra gëtt dobäi schwéier blesséiert. D'Police fënnt si vu sech um Buedem, Si stierft zwee Deeg drop am Spidol un engem Gehirschued. Um éischte Prozessdag dës Méindeg um Landesgericht Saarbrécken, sot de Mann vum Affer, deels ënner Tréinen, aus.

Ech war der Meenung, datt eppes geschitt wär. Mir hunn ëmmer missen domadder rechnen!“:

Dat wierklech eppes geschitt war, gouf hien awer eréischt gewuer, wei d'Police virun der Dir stoung! Déi gouf vun der Fra vum Ugekloten geruff. Dat, well hire Mann vum Affer attackéiert gi wier.  Ma weder de Mann vum Affer nach d'Fra vum Ugekloten oder soss Noperen, wëlle gesinn hunn, wéi et zu den déidlechen Blessure koum. Aenzeie gouf et deemno keng.

D'Geriicht muss dowéinst op weider Aussoen, gréissten Deels vun de Polizisten, an d'Autopsie waarden, déi si um Freideg wäerte matgedeelt kréien, erkläert de Raimund Weyand vum Parquet vu Saarbrécken.

Den Affekot vum Ugekloten huet erkläert, datt grad d'Autopsie wichteg wier, fir eben erauszefannen, wéi d'Blessuren entstane sinn. Hien denkt, datt dëst d'Ausso vu sengem Mandant géif ënnersträichen, datt deen an Noutwier gehandelt huet.

Den éischte Prozessdag huet just gewëssen, wéi grouss de Sträit tëscht de Noperen war, awer net wat den Ausléiser war, wat esou den Timo Scharrmann, Affekot vum Ugekloten, och guer net méi ze bestëmme wier.

De Prozess ass op zwee weider Deeg ugesat. E Freiden ass déi nächst Sëtzung

AUDIO: Geriicht:Déidlechen Nopeschsträit zu Perl (1)/ Eric Ewald
AUDIO: Geriicht:Déidlechen Nopeschsträit zu Perl (2)/ Eric Ewald