E puer Leit goufe blesséiert an e sëllechen Autoen zerstéiert, wéi en Donneschdeg am Nomëtteg eng Lawin en Hotel op der Schwägalp getraff huet.

Déi hefteg Wiederkonditiounen maachen de Leit a Bayern, Éisträich an an der Schwäiz d'Liewe weiderhi schwéier. Am Kampf géint d'Schnéimassen a Bayern hoffen d'Rettungsequippen um Freideg op bessert Wieder. De Wiederprevisiounen no soll et bësse manner schneien. Et ass awer nach net gewosst wéini den Zuchverkéier a Süd- an Ostbayern nees normal funktionéiert. Déi däitsch Bunn kënnt nämlech net méi no d'Schinnen séier genuch ze raumen. Vill Verbindungen sinn doduerch ënnerbrach. Et sinn och eng sëlleche Stroossen duerch d'Schnéimassen a Beem déi ëmgefall sinn gespaart. Am Süde vu Bayern zu Bad-Tölz gëllt zanter en Donneschdeg den Owend de Katastrophefall. Op der Autobunn A8 koum et nees zu kilometerlaange Stauen. D'Rout Kräiz, d'Police an d'Pompjeeën hunn d'Leit waarm Gedrénks a Bensin bruecht.

Schwäizer Hotel vu Lawin getraff

En Donneschdeg ass op der Schwägalp an der Schwäiz eng Lawin erofgaangen. Dës huet ënnert anerem een Hotel getraff an Deeler vum Restaurant zerstéiert. Op d'mannst dräi Leit goufe beim Tëschefall blesséiert. Vun den Hotelgäscht gëtt kee vermësst, ma well net auszeschléisse war, dass Passante vun de Schnéimasse begruewe goufen, ass no méiglechen Affer gesicht ginn, géint der Owend huet dunn awer mussen opgehale gi mat der Sich.

D'Situatioun op der Plaz war oniwwersiichtlech, well et nach weider geschneit huet a Stroosse fir op d'Alp erop wéinst dem ville Schnéi nëmme schwéier ze befuere waren.

Den Hotel gouf en Donneschdeg tëscht 16 a 17 Auer vun der Lawin getraff. Tëscht 15 an 20 Autoen huet se ënnert sech begruewen.

Schnéichaos an Däitschland

A Bayern huet um Donneschdeg de südleche Landkrees Berchtesgaden de Katastrophefall erkläert. Duerch de ville Schnéi riskéiere Beem an och Diecher nozeginn. An engem Deel vu Berchtesgaden ass déi eenzeg Strooss nëmmen nach vu Gefierer vum Militär befuerbar - ronn 350 Leit sëtzen den Ament do fest. Och aner Stroossen an der Regioun si gespaart, well Beem ëmgefall sinn. Bis e Freideg ass dann och Schoulfräi. Ufank der Woch hat schonn de Landkrees Miesbach de Katastrophefall ausgeruff.

Zu Aying bei München ass en Donneschdeg ee 9 Joer ale Bouf vun engem Bam erschloe ginn. Eréischt no 20 Minutten haten Zeie gesinn, datt ee Kand ënnert dem Bam begruewe gouf an d'Rettungsdéngschter alarméiert. Si hunn eng Stonn laang probéiert, d'Kand ze reaniméieren, ouni Erfolleg. Donieft ass eng Fra vu 54 Joer an engem schnéibedéngte Stau op der A8 a Baden-Württemberg ëm d'Liewe komm.

© AFP

Och an Éisträich ass d'Lawinegefor weider grouss

Och am Weste vun Éisträich kämpfen d'Leit mam Schnéi. Entwarnung gouf et hei nach keng um Donneschdeg. D'Meteorologen erwaarde weider vill neie Schnéi an domadder och eng Verschäerfung vun der Lawinegefor. Et misst mat bis zu engem hallwe Meter neie Schnéi gerechent ginn, sou de Wiederdéngscht vun der Tëleeschaîne ORF. Wéinst der héijer Lawinegefor goufe vill Stroosse fir an d'Dierfer era gespaart. Ëmmer méi Touriste sëtzen aus deem Grond och fest.

Zanter dem leschte Weekend sinn op d'mannst 7 Mënschen am Schnéi gestuerwen. Dorënner waren zwee Däitscher, déi e Sonndeg zu Vorarlberg an eng Lawin gerode waren. E Mëttwoch gouf ee 16 Joer jonke Mann virun den A vu senger Famill vun enger Lawin an den Doud gerappt. Donieft sinn zwee Schifuerer gestuerwen, well se bei hirer Chute am Schnéi stieche bliwwe sinn. Am Schigebitt Wildkogel waren e Mëttwoch sechs Schüler aus Sachsen-Anhalt an Däitschland vun enger Lawin erfaasst ginn, si konnten all gerett ginn.

De Risk vu Lawine läit um Donneschdeg deels bei 5 vu 5. Dat ass zum Beispill de Fall an Ueweréisträich, Nidderéisträich, an der Steiermark an am nërdleche Salzburg bis an d'Grenzgebitt zu Berchtesgaden.

E Virdeel vum ville Schnéi ass, datt d'Ënnerlag vun de Pisten deementspriechend héich ass an esou och schonn d'Reservatioune fir déi nächst Méint a d'Luucht gaange sinn.

Prognose soe weidere Schnéi viraus

De Weekend iwwer sollen d'Temperaturen an d'Luucht goen. An et soll Reenen, doduerch wäert de Schnéi nach méi schwéier ginn an de Risk, datt Beem ëmfalen an Diech vun Haiser noginn, wäert klammen. Ufank nächster Woch gëtt an den Nordalpen mat neiem Schnéi gerechent. Et kéinte 50 bis 150 Zentimeter neie Schnéi falen.