Am Tarifsträit vum Fluchpersonal rifft d'Gewerkschaft Verdi zu engem weidere Warnstreik op, déi Kéier um Frankfurter Fluchhafen.

De Streik vum Sécherheetspersonal soll nächsten Dënschdeg an der Nuecht um 2 Auer ufänken a bis owes 20 Auer daueren.