Am 9. Arrondissement koum et zu enger gréisserer Explosioun um Samschdeg de Moien, bei där 4 Affer ze bekloe sinn.

Zu Paräis gouf et e Samschdeg de Moien géint 9 Auer eng gréisser Explosioun an enger Bäckerei am 9. Arrondissement. D'Bäckerei wier awer zum Ament vum Tëschefall net op gewiescht. Wéi et offiziell heescht, wieren d'Pompjeeë wéinst dem Gasgeroch alarméiert ginn. Zur Explosioun wier et du komm, wéi d'Rettungsdéngschter op der Plaz waren.

Schwéier Gas-Explosioun zu Paräis
Regierung deelt mat: 3 Persounen gestuerwen, dorënner eng spuenesch Touristin an 2 Pompjeeën.

No der Explosioun am Zentrum vu Paräis gëtt et en drëtt Doudesaffer. Wéi d'Regierung vu Madrid matdeelt, ass eng spuenesch Touristin ëm d'Liewe komm. De franséischen Inneminister huet erkläert et wieren 2 Pompjeeën ëm d'Liewe komm an ronn 50 Leit blesséiert ginn, dorënner 10 méi uerg. D'Pompjeeën waren kuerz virun der Explosioun an eng Bäckerei am 9. Arrondissement geruff ginn, wëll Awunner de Geroch vu Gas gemellt haten. D'Police geet dofir vun aus datt eng Fuite an enger Gasleitung d'Ursaach vum Ongléck war.

Ufanks ass nach riets gaangen, vu 4 Doudegen, ma de Parquet huet deem awer Widdersprach. Et wieren dräi Persoune gestuerwen, 2 Pompjeeën an eng Touristin aus Spuenien. Um Sonndeg koum dunn nach déi traureg Confirmatioun, datt nach eng weider Persoun gestuerwe wier. An den Iwwerreschter vum Gebai gouf de Kierper vun enger Fra fonnt, wuel déi Persoun, déi nach vermësst gouf.

Dat Ganzt wier ronn 1 Kilometer vun der Paräisser Oper passéiert, also zimlech am Zentrum vun der franséischer Haaptstad, matzen an engem Wunnquartier. D'Police huet de Leit geroden, dëse Quartier groussraimeg z'evitéieren an huet och ronderëm e Perimeter ageriicht. An der Mëttesstonn huet et vun offizieller Säit geheescht, datt d'Situatioun ënner Kontroll wier.

Iwwer 200 Pompjeeë waren op der Plaz, fir de Brand ze läschen a sech ëm déi Blesséiert ze këmmeren. 100 Policebeamte goufe mobiliséiert. Den Inneminister Christophe Castaner, de Premier Minister Edouard Philippe an de Procureur vu Paräis Rémy Heitz ware schonn op der Plaz.

Impressioune vun Twitter