No der Presidentewal war et am Kongo zu Onroue komm, bei deenen op d'mannst 11 Mënschen ëm d'Liewe koumen.

An der demokratescher Republik Kongo huet den ënnerleeënen Oppositiounskandidat Fayulu d'Resultat vun der Presidentewal wéi ugekënnegt kontestéiert.

Hie verlaangt datt d'Resultat annuléiert gëtt, nodeems en aneren Oppositiounskandidat zum neie President gewielt gouf. De Fayulu bräicht 61 Prozent vun de Stëmmen - offiziellen Aussoen no ass en allerdéngs nëmmen op 35 Prozent komm.

No der Presidentewal war et am Kongo zu Onroue komm, bei deenen op d'mannst 11 Mënschen ëm d'Liewe koumen.