Um Samschdeg den Owend koum et zu engem uergen Accident direkt op der anerer Säit vun der Musel.

Direkt 6 Blesséierter gouf et e Samschdeg den Owend bei enger Frontalkollisioun zu Oberbillig, op Lëtzebuergesch Uewerbëlleg, déisäits der Musel vu Waasserbëlleg. En 69 Joer ale Chauffeur war op d’Géigebunn geroden, a krut zwee Gefierer ze paken.

De schëllege Chauffeur, wéi och 5 Leit aus den aneren Autoen, koume blesséiert an d’Spidol. D’B419, d'Parallelstrooss zu der Lëtzebuerger Wäistrooss, war eng Zäit laang komplett gespaart.

© INPUT Presse