An den USA schockéiert eng Entféierung an en Duebel-Mord, deen ee soss just aus Hollywood-Filmer kennt.

No 3 Méint konnt sech en eréischt 13 Joer jonkt Meedchen vu Minneapolis, aus den Äerm vun engem 21 Joer jonke Mann befreien, deen d’Meedche gutt 3 Méint laang an enger Bësch-Hütt gefaange gehalen hat.

Den Täter gouf e Freideg vun der Police verhaft, nodeems hie bei sech doheem ugetraff, an an der Wunneng och Beweiser sécher gestallt konnte ginn. D’Meedchen hat d’Autoritéiten en Donneschdeg informéiert, ëm wien et sech géif handelen.

De jonke Mann hat virun der Entféierung och d’Eltere vum Meedchen erschoss. D’Pistoul, déi dofir benotzt gi war, gouf och a senger Wunneng geséchert. D’Hannergrënn si bis ewell nach onkloer. Den Täter soll virun der Dot quasi ni eppes mat der Famill ze Dinn gehat hunn.