Eng 1.300 Poliziste hu Wettbüroen, Bistroen a Shish-Baren ënnert d'Lupp geholl, 14 Leit goufe festgeholl.

A Nordrhein-Westfalen war um Samschdeg eng grouss Razzia géint Clan-Kriminalitéit. 1.300 Poliziste waren am Asaz an hunn an enger ganzer Partie Stied wéi Dortmund, Essen oder Gelsenkrichen Wunnengen a Commercen duerchsicht. Betraff waren och Wettbüroen, Bistroen oder Shisha-Baren, huet déi däitsch Police via Twitter matgedeelt.
14 Leit goufe festgeholl an e puer Honnert Kilo onversteierten Tubak gouf confisquéiert. Zéng Waffen, verbuede Messeren an e puer Dausend Euro Boergeld goufe séchergestallt. Et soll déi gréisste Razzia géint Clan-Kriminalitéit an der Geschicht vum Land gewiescht sinn. Et geet ëm de Verdacht vu Geldwäsch, Steierhannerzéiung an Schwaarzaarbecht. Den Asaz huet bis an d'Moiesstonne vum Sonndeg gedauert.

Ëmmer méi sougenannte Clans maache sech an däitsche Grousstied bereet, déi dacks och e kriminellt Netzwierk opbauen.
Dowéinst ware e Samschdeg och net just Polizisten, mä och Beamte vum Steier- a Finanzamt, oder vun der Douane mat am Asaz.