A Bayern, Éisträich an an der Schwäiz hoffen d'Leit op ee séiert Enn vum ville Schnéi.

Um Dënschdeg soll et de Wiederprevisiounen no manner schneien. Och an den nächsten Deeg soll sech d'Wiedersituatioun entspanen. Wéi et vun Experten heescht, géif dëst erlaben kontrolléiert Lawinesprengungen duerchzeféieren. Deemno dierften an den nächsten Deeg och wichteg Verkéiersachsen nees fir den Trafic opgoen.

Déi Gemengeresponsabel vu Lech an Éisträich hoffen, dass spéitstens bis en Dënschdeg den Owend d'Stroossen nees opginn. 5.000 Touriste sëtzen den Ament hei fest a waarden drop fir kënnen heemzefueren oder hoffen op bessert Wieder.

Zu Ischgl gouf et kuerz no 10 Auer en Dënschdeg de Moien d'Entwarnung. D'Stroosse wieren nees fir den Trafic opgaangen.

Bis e Méindeg waren a ganz Éisträich nach iwwer 180 Stroosse gespaart. Am Bundesland Salzburg waren duerch nei Stroossespären e Méindeg den Owend iwwer 41.000 Leit vun der Aussewelt ofgeschnidden.

Am Laf vun de leschten zwou Wochen ass an Éisträich deels dräi mol souvill Schnéi gefall, wéi soss am ganze Mount Januar. An Tirol goufe plazeweis bal 4,5 Meter Schnéi gemooss.

D'Lawinegefor soll um Dënschdeg erofgesat ginn. Fir d'Schifuerer bleift d'Situatioun awer weiderhin delikat. Nämlech schonn e Mëttwoch soll d'Gefor nees klammen, wann Temperaturen an d'Luucht ginn.

Och a Bayern ass d'Situatioun nach ëmmer ugespaant. A fënnef Landkreesser gëllt nach ëmmer de Katastrophefall. Iwwer 1.500 Zaldote vun der Bundeswehr sinn am Asaz. Nach ëmmer si vill Schidestinatiounen wéinst Lawinegefor deelweis oder ganz gespaart.

Wéinst dem ville Schnéi an dem Reen aus de leschten Deeg sinn eng ganz Partie Flëss iwwert hiert Ufer getrueden. Eng sëlleche Felder a Wisen stinn ënner Waasser. Och op anere Plazen an Däitschland sinn sech d'Leit am Gaangen op Héichwaasser anzestellen, ënnert anerem a Baden-Württemberg, wéi zum Beispill am Schwarzwald.