De Pawel Adamowicz war um Sonndeg an der Ëffentlechkeet mat engem Messer attackéiert ginn an ass elo u senge schroe Blessure gestuerwen.

De Buergermeeschter vun Danzeg a Polen, den Pawel Adamowicz, ass dout.

Hie war e Sonndeg den Owend op engem Benefiz-Event, virun den Aen vun honnerte Leit, op enger Bühn ugegraff a mam Messer schro blesséiert ginn.