De President Trump huet eng Auslandsrees vun der Presidentin vum Representantenhaus Nancy Pelosi op Bréissel, an Egypten an an den Afghanistan gestrach.

Den Donald Trump huet der Demokratin fräi gestallt op regulär Volle fir hir geplangte Reesen zeréck ze gräifen. Kuerz drop huet den US-President och den Deplacement vun enger héichrangeger Delegatioun op Davos fir de Weltwirtschaftsforum ofgesot. Och den Donald Trump selwer reest net an d'Schwäiz.