Viru 4 Joer war déi terroristesch Attack op déi franséisch Satirezeitung "Charlie Hebdo", bei där 12 Leit ëm d'Liewe komm sinn, 11 goufen der verwonnt.

14 Männer sinn ewell ugeklot. Si solle béide Attentäter logistesch ënnerstëtzt hunn. 11 sëtze schonn an Untersuchungshaft, déi aner 3 ginn nach gesicht.

Am Januar 2015 haten zwee islamistesch Bridder d'Redaktioun vun "Charlie Hebdo" iwwerfall an 12 Mënschen ëmbruecht. Een aneren Djihadist hat ee jüddesche Supermarché iwwerfall a 5 Mënschen ëmbruecht. Och hie soll vun de Verdächtege gehollef kritt hunn.

Allen 3 Attentäter ware vun der Police erschoss ginn.

Déi ugeklote Männer musse sech vun engem spezielle Geriicht veräntweren. E genauen Datum gouf nach net genannt, ma et wäert wuel d'nächst Joer de Fall sinn.