De Japaner Masazo Nonaka stoung mat deem Titel am Guiness Buch vun de Rekorder.

Gebuer war den Nonaka de 25. Juli 1905.

Hien huet doheem bei senger Famill gelieft. Do gëtt et eng waarm Naturquell an de Mann ass gären eemol d'Woch do buede gaangen, huet seng Famill erzielt.

Japan ass jo bekannt fir déi héich Liewenserwaardung vu senge Bierger.

Enn d'lescht Joer hu bal 70'000 Mënschen iwwer 100 Joer a Japan gelieft. Dat meescht si Fraen.

Déi gesond traditionell Kiche soll ee vun de Grënn sinn, datt d'Leit hei sou al ginn