En Amateur-Video aus Florida mécht den Ament d'Ronn an de soziale Medien.

De Video, deen aus engem aneren Auto eraus opgeholl ginn ass, weist eng Policekontroll zu Tallahassee a Florida. En 2-Joer aalt Meedche stellt sech bewaffente Poliziste mat erhuewenen Hänn.

Dat klengt Meedchen, dat an der Opnam ouni Schong ze gesinn ass, ass de 17. Januar, zesumme mat sengen Elteren a sengem 1-Joer ale Bridderchen, an eng Police-Kontroll geroden, well säi Papp verdächtegt gouf, geklaut ze hunn.

E puer Deeg no hirem Asaz, huet d'Police och een Bodycam-Video vun der Kontroll verëffentlecht.

Nodeems dat klengt Meedche seng Eltere mat erhuewenen Hänn aus dem Auto klamme gesinn huet, huet hat si imitéiert an ass och mat den Hänn an der Luucht aus dem Auto geklommen.

Zwee Leit goufe méi spéit wéinst Déifstall festgeholl an dem Meedche seng Mamm huet déi zwee Kanner an Opsiicht kritt.

Hei e Video vun der Bodycam-Opnam: