Am amerikanesche Budgetssträit, hält de President Trump seng Ried iwwert d'Lag vun der Natioun eréischt dann, wann de Shutdown eriwwer ass.

Et géif net no enger anerer Plaz gesicht ginn, sou den Trump op Twitter.

U sech ass geplangt, dass den amerikanesche President seng Ried am US Kongress hält. D'Presidentin vum Representantenhaus an Oppositiounscheffin Nancy Pelosi hat allerdéngs domat gedreet, dem Donald Trump den Accès an de Kongress de facto ze verbidden, sollt de Shutdown net geschwënn eriwwer sinn.

D'Ried war fir den 29. Januar am Plenarsall vum Representantenhaus geplangt. Si gëtt wéi gesot elo op méi spéit reportéiert. Déi demokratesch Politikerin an de republikanesche President gi sech géigesäiteg d'Schold um Blockage, deen elo schonn zanter 33 Deeg am Gaangen ass.

De Michael Cohen, de fréieren Affekot vum US President Donald Trump, huet seng geplangten Ausso virum Kongress am Februar op méi spéit reportéiert. Als Erklärung heescht et, dass seng Famill Menacë vum President ausgesat wier. Demokraten hunn doropshin de Verdacht geäussert, dass den Trump illegal Zeie beaflosst huet. Vum Cohen sengen Aussoe virum Kongress, gi sech méiglech nei brisant Revelatiounen iwwert den US President an den Trump-Konzern erwaart.